Säit ech denke kann, hu bei eis Déieren zum Alldag gehéiert: bei eis doheem oder bei menge Grousselteren am Stall. Ganz selbstverständlich hunn ech geléiert mat hinnen emzegoen an si ze versuergen.

1996 hunn ech meng Schoul mat Diplom als Éducatrice ofgeschloss an hunn dunn an de Beräicher Gerontologie, Autismus an Psychiatrie konnten schaffen an Erfahrungen sammelen.

Fun 2003 bis 2005 hunn ech doniewent Déierepsychologie un der "Akademie für Tiernaturheilkunde" an der Schwäiz studéiert, well ech nach méi iwwert déi Déieren, mat deenen ech mech all Dag beschäftegen, wollt wessen.

Well d´Déiere sou een héije Stellewäert a mengem private Liewen anhuelen, si si natierlech och emmer mol rem a meng professionnel Aarbecht mat agefloss. Oft hunn ech meng Henn däerfe mathuelen oder ech hunn d´Leit mat bei d´Déieren (Päerd, Geessen, Kaningercher) geholl. Déi Aktivitéiten waren emmer héich wellkomm an ech hu gemierkt, dass den Emgang mat den Déieren de Leit immens gutt gedoen huet.

Dofir hunn ech 2006 nach eng weider Formatioun gemaach: " Tiere öffnen Welten - Qualifizierung zum fachgerechten Einsatz von Hunden, Katzen und Kaninchen in der Altenhilfe", ugebuede vum Diözesan-Caritasverband für das Erzbistum Köln e.V. an Zesummenaarbecht mam Kuratorium Deutsche Altershilfe.

Am Juni 2007 hun ech Beruff an Hobby kombinéiert a mech selbstänneg gemaach an de Beräicher "Animalsitting", "Déierenpsychologie" an "Déierengestützten Aktivitéiten, Förderung an Pädagogik". 

Well Teamarbecht mir gefeelt huet sin ech am November 2012 rem mat enger halwer tâche a mein aalen Beruff rageklomm a schaffen seithier 24/Woch an der Woch an engem Atelier protégé. Doneewent maan ech fir 2 Gruppen / Woch "Déierenatelier" an hun 2013 meng eegen Hondsschoul opgebaut.

Mat all deem Wessen an Erfahrung, wat sech sou am Laf fun de Joren ugesammelt huet, well ech Menschen an Déieren an hirer Bezéiung zueneen eng Hand upaken, fir dass et fir déi zwou Säiten zu engem positiven Erliefnes gett. 

Mit freundlichen Grüßen

Anne Barthels

Diese Seite teilen